Eise Kalenner 2026 ass do

Fir 2026 ass en an Zesummenaarbecht mat der Crèche Rockids Akademy vun Diddeleng entworf ginn. Hinnen e ganz grousse MERCI fir dee flotte Projet an di schéi Biller déi si gemoolt hunn!! 

–> Des Ausgab kann een an der Gréisst  A3 (€18,-) oder A4 (€15,-) kréien ! 
–> Versand  5,- € 

Den Déierekalenner kritt der bei eis am Shop vum Diddlenger Déierenasyl, (ob vu Méindes bis Samsdes tëschen 9h00 an 18h00 Auer) ze kafen. 

Oder iwwer Bestellung per Mail op info@asile.lu, respektiv duerch d‘Iwwerweise vum Akafspräis + Versand 5,- € op de Konto vum Asile pour Animaux Régional-Dudelange: LU52 1111 0026 3011 0000 CCPLLULL 
mat der Mentioun „ Quantitéit x Kalenner 2026, Gréisst A3 oder Gréisst A4“ an da kritt der se mat der Post heem geschéckt.

Den Erléis aus dem Verkaf ass zu 100% fir et Muppen a Kazen aus dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng.

Related posts

Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026

Muppenrallye 2026 De Muppentreff Stengefort invitéiert Iech häerzlech op säin Muppenrallye den 25. Juli 2026! Kommt mat op eng flott Wanderung vu ronn 6 km, mat Spiller a Schnitzeljuegd fir Mupp a Mënsch. E flotte Nomëtteg fir zesummen Zäit an der Natur ze verbréngen! Depart: 15:00 Auer – Al Schmelz, Steengefort Präis: 10 € pro […]

Mir plënneren – Nous déménageons !

Mir sinn umgang an dat neit Asyl ze plënneren! Mee wi bei allem, dauert et hei och méi lang wéi geplangt, bis all néideg Arbechten ofgeschloss sinn. Dofir ass Diddelenger Déierenasyl nach zou fir de Public bis den 3. August 2026   De Secondhand-Shop an och Opnam fir nei Muppen a Katzen ass bis den […]

Gläich gëtt geplënnert !

Juhu ! Endlech ass et esou wäit : an deenen nächsten Deeg plënnere mir. Net wäit ewech, just an d'Gebai nieft drun. Mir si scho ganz gespaant op eist neit Doheem.

Prix du bénévolat 2026

Depuis 2017, la Ville de Dudelange décerne chaque année le Prix du Bénévolat. Ce mardi 12 mai a eu lieu l’édition 2026 de ce prix qui honore le précieux engagement des nombreux bénévoles qui consacrent leur temps et leur énergie au bon fonctionnement de leur association. Cette année pas moins de 37 bénévoles ont été récompensés par […]