Tierheimwünsche werden wahr – MERCI
——————————————————————————–
Bis de 24.12. leeft d'Krëschtdagsaktioun am FRESSNAPF um Houwald zu Gonschte vum Regionalen Déierenasyl Diddeleng.
Um Wonschchrëschtbeemchen hänke vill kleng Kaarte mat flotten Spendewënsch fir eis Muppen a Kazen
Dir kënnt Iech do eraussichen, wat fir eng Spend Dir eisen Déieren maache wëllt, an déi dann och direkt am Fressnapf kafen an ënnert de Beemche leeën. Esou sidd der sécher dass Är Spend och definitiv fir eis 4beeneg Schützlinge gebraucht gëtt.
Am Numm vun onse Muppen a Kazen soe mir Ierch lo scho villmools MERCI