Mir freeën eis, Iech eise neie Logo virzestellen!

De Neibau vun eisem Déierenasyl ass bal fäerdeg, a viraussiichtlech am Fréijoer 2026 kënne mir an déi nei Gebaier eraplënneren. Fir Iech schonn elo e klengen Abléck an dëse Neistart ze ginn, präsentéiere mir Iech haut schonn eise neie Logo.

Den Logo as an Zesummenaarbecht mat "Moskito S.A." entstan. Hinnen an allen déi un der Entwécklung mat gudden Iddie gehollëf hunn, villmools Merci.

Fir en Déierenasyl am Bësch vum Park Le'h hu mir ons fir Bëschfaarwen entscheed, mat dem Motiv vun Mupp a Kaz, stellvertriedend fir ons Schützlingen, déi mir ophuelen a verpfleegen, mat der Hoffnung en häerzlecht a bessert Doheem fir si ze fannen.

Wichteg: Och nom Plënneren bleift eis Adress déi selwecht – dir fannt eis weiderhinn op der gewinnter Plaz am Park Le‘h.

————————————————-

Nous sommes ravis de vous présenter notre nouveau logo !

La construction de notre nouveau refuge pour animaux touche à sa fin, et nous pourrons probablement emménager dans les nouveaux bâtiments au printemps 2026. Pour vous donner dès maintenant un petit aperçu de ce nouveau départ, nous vous présentons aujourd’hui notre nouveau logo.

Le logo a été créé en collaboration avec "Moskito S.A.". Un grand merci à eux et à tous ceux qui ont contribué au développement avec de bonnes idées.

Pour un refuge pour animaux dans la forêt du Parc Le’ h, nous avons opté pour des couleurs forestières, avec le motif d'un chien et d'un chat, représentant nos protégés, que nous accueillons et prenons soin, dans l'espoir de leur trouver un foyer chaleureux et meilleur.

Important : Même après le déménagement, notre adresse restera la même – vous nous trouverez toujours à l’emplacement habituel au parc Le ’h.

Nos dernières actualités

Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026

Rallye Canine 2026
Le Muppentreff Stengefort vous invite à son Rallye Canine le 25 juillet 2026!

Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026

Muppenrallye 2026 De Muppentreff Stengefort invitéiert Iech häerzlech op säin Muppenrallye den 25. Juli 2026! Kommt mat op eng flott Wanderung vu ronn 6 km, mat Spiller a Schnitzeljuegd fir Mupp a Mënsch. E flotte Nomëtteg fir zesummen Zäit an der Natur ze verbréngen! Depart: 15:00 Auer – Al Schmelz, Steengefort Präis: 10 € pro […]

Mir plënneren – Nous déménageons !

Mir sinn umgang an dat neit Asyl ze plënneren! Mee wi bei allem, dauert et hei och méi lang wéi geplangt, bis all néideg Arbechten ofgeschloss sinn. Dofir ass Diddelenger Déierenasyl nach zou fir de Public bis den 3. August 2026   De Secondhand-Shop an och Opnam fir nei Muppen a Katzen ass bis den […]

Gläich gëtt geplënnert !

Juhu ! Endlech ass et esou wäit : an deenen nächsten Deeg plënnere mir. Net wäit ewech, just an d'Gebai nieft drun. Mir si scho ganz gespaant op eist neit Doheem.