Luna’s Iwwerraschung

Iwwerraschung!! 

 

Léif alleguerten!

Ech sinn et mol nees, d’Luna! Ech melle mech haut bei Iech aus engem ganz spezifesche Grond: ech hu nämlech riseg, nee bombastesch Nouvellë fir Iech… Sëtzt Der gutt? 

Dann haalt Iech fest: 

Ech sinn tatsächlech adoptéiert ginn!!! 

Ech wunnen net méi am Asyl, mee a mengem eegenen Doheem!!! Ech. Adoptéiert! Et ass net ze gleewen. Ech mengen, déi ganz Ekipp am Asyl huet dat nach net richteg realiséiert.

An ech och net! Mee et stëmmt awer, et ass net just e schéinen Dram: zënter bal 2 Wochen sinn ech scho bei menge neie Leit, d. h. ech hunn d’Proufzäit erfollegräich bestanen an elo steet mengen nächste Joren als Eenzelmupp näicht méi am Wee… Dass ech dat nach dierft erliewen, hätt ech wierklech net méi gemengt.

Obwuel, firwat och net? Ech sinn dach eng léif Muppe-Madamm – ok, ech gi vläicht heiansdo méi séier genervt, mee dat muss een dach verstoen. Ech si schliisslech schon 12 Joër al (jojo, Betounung op „al“, ech fille mech awer nach ganz jonk!), an dovunner hunn ech 11 (!) Joër zu Diddeleng am Asyl verbruecht. Zesumme mam Plato a Suba sinn ech jo schon éiweg d’Maskottche vum Asyl! 

Ech hat zwar schon e puer Mol d’Méiglechkeet gehat, vun do fortzekommen; wollt allerdengs all déi Kéieren trotzdem léiwer zu Diddeleng bleiwen. Do war ech jo gutt versuergt – a prinzipiell hunn ech et eben net esou matt Leit, déi ech nach net kennen. An dësem Fall hat et awer einfach gepasst: besser kann ech et elo net hunn!! 

Dir gesidd, dës Adoptioun ass wierklech ee ganz aussergewéinlecht Ereegnis, net nëmmen fir d‘Zwee- an d‘Véierbeener a mengem alen Doheem, mee bestëmmt och fir Iech all, déi de Wee vu mir a mengen Ex-Mattbewunner esou léif matt verfollegt! Eng richteg Iwwerraschung, gell?? An ee Beweis duerfir, dass een d’Hoffnung wierklech ni soll opginn… 

Vergiessen wäert ech déi Plaz am Parc Le’h natierlech net esou séier, duerfir war ech wierklech ze laang do. Mee richteg vermëssen maachen ech se awer definitiv och net. Elo genéissen ech nämlech voll a ganz meng Zäit aleng a menger EEGENER Famill – wow! 

Sou, an domadder schléissen ech dësen (hoffentlechJ) leschte Bréif vu mir of a wënschen Iech – a mir – nach ganz vill schéi kommend Joren!! 

WUFF,

Äert

LUNA

 

 

Nos dernières actualités

Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026

Rallye Canine 2026
Le Muppentreff Stengefort vous invite à son Rallye Canine le 25 juillet 2026!

Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026

Muppenrallye 2026 De Muppentreff Stengefort invitéiert Iech häerzlech op säin Muppenrallye den 25. Juli 2026! Kommt mat op eng flott Wanderung vu ronn 6 km, mat Spiller a Schnitzeljuegd fir Mupp a Mënsch. E flotte Nomëtteg fir zesummen Zäit an der Natur ze verbréngen! Depart: 15:00 Auer – Al Schmelz, Steengefort Präis: 10 € pro […]

Mir plënneren – Nous déménageons !

Mir sinn umgang an dat neit Asyl ze plënneren! Mee wi bei allem, dauert et hei och méi lang wéi geplangt, bis all néideg Arbechten ofgeschloss sinn. Dofir ass Diddelenger Déierenasyl nach zou fir de Public bis den 3. August 2026   De Secondhand-Shop an och Opnam fir nei Muppen a Katzen ass bis den […]

Gläich gëtt geplënnert !

Juhu ! Endlech ass et esou wäit : an deenen nächsten Deeg plënnere mir. Net wäit ewech, just an d'Gebai nieft drun. Mir si scho ganz gespaant op eist neit Doheem.