Léiwe Miro

Léiwen Miro,
Elo hu mir dir och missen Äddi soen. Nodeems deng Muppekolleegen Morphy an Dora eis déi lescht Méint och hunn missen verloossen, ass dann och elo deng Zäit komm. Et ass immens schnell gang, mir sinn frou dass de net all ze laang dech hues missen quälen mat sëllegen Medikamenter. Och bei dir huet de Kriibs leider de Kampf gewonnen. An deenen leschten Méint bass du reegelméisseg vum Lena an d’Physiotherapie op Schëtter begleet ginn. Dëst war net nëmmen gutt fir däi Muskelopbau ze stabiliséieren mee dat huet denger Moral och gutt gedoen. Du hues dësen Ausfluch richteg genoss, et war emol eppes aneschtes wéi ëmmer dee selwechten Alldag am Asyl. Miro mir soen dir merci fir déi vill schéi Joren déis de mat eis am Asyl verbruecht hues. Leider has du, genee wéi deng Kollegen Dora a Morphy, ni d’Chance e Liewen an enger Famill kennenzeléieren. Mir mengen awer dass de trotzdeem eng schéin Zäit bei eis has. Gréiss eis Dora an de Morphy a maach et gutt. Déi ganz Equipe aus dem Diddelénger Déierenasyl wäert iech 3 ni vergiessen.
Run free Miro

Nos dernières actualités

Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026

Rallye Canine 2026
Le Muppentreff Stengefort vous invite à son Rallye Canine le 25 juillet 2026!

Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026

Muppenrallye 2026 De Muppentreff Stengefort invitéiert Iech häerzlech op säin Muppenrallye den 25. Juli 2026! Kommt mat op eng flott Wanderung vu ronn 6 km, mat Spiller a Schnitzeljuegd fir Mupp a Mënsch. E flotte Nomëtteg fir zesummen Zäit an der Natur ze verbréngen! Depart: 15:00 Auer – Al Schmelz, Steengefort Präis: 10 € pro […]

Mir plënneren – Nous déménageons !

Mir sinn umgang an dat neit Asyl ze plënneren! Mee wi bei allem, dauert et hei och méi lang wéi geplangt, bis all néideg Arbechten ofgeschloss sinn. Dofir ass Diddelenger Déierenasyl nach zou fir de Public bis den 3. August 2026   De Secondhand-Shop an och Opnam fir nei Muppen a Katzen ass bis den […]

Gläich gëtt geplënnert !

Juhu ! Endlech ass et esou wäit : an deenen nächsten Deeg plënnere mir. Net wäit ewech, just an d'Gebai nieft drun. Mir si scho ganz gespaant op eist neit Doheem.