Wéinst der COVID-19 Situatioun konnte mer lëschten Weekend eist Freijorsfest mat der Porte-ouverte leider net stattfannen loossen.
Esou Fester sinn ëmmer erëm flott Geleegenheeten de Visiteuren d'Asyl, den alldeeglechen Oflaaf an natierlech eis Muppen a Katzen ze presentéieren. Natierlech ass et awer och eng Geleegenheet eis Kees duerch d'Recetten an d'Spenden vun deem Dag e bëssen opzebesseren. D'Asyl brauch ongeféier 400.000€ d'Joër fir kënnen ze fonktionnéieren an ass dowéinster op all Don ugewisen. Seit kuerzem hu mer och d'Méiglechkeeten ganz einfach an ouni groussen Opwand Don'en iwwer Digicash eranzekréien.
Mir hoffen dass mer am Hierscht d'Meiglechkeet awer nees kréien iech all op onsem Hierschtfest ze begréissen.
Bléift nach all gesond a villmools Merci fir all Ennerstëtzung!
Digicash QR Code
Nos dernières actualités
Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026
Rallye Canine 2026
Le Muppentreff Stengefort vous invite à son Rallye Canine le 25 juillet 2026!
Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026
Muppenrallye 2026 De Muppentreff Stengefort invitéiert Iech häerzlech op säin Muppenrallye den 25. Juli 2026! Kommt mat op eng flott Wanderung vu ronn 6 km, mat Spiller a Schnitzeljuegd fir Mupp a Mënsch. E flotte Nomëtteg fir zesummen Zäit an der Natur ze verbréngen! Depart: 15:00 Auer – Al Schmelz, Steengefort Präis: 10 € pro […]
Mir plënneren – Nous déménageons !
Mir sinn umgang an dat neit Asyl ze plënneren! Mee wi bei allem, dauert et hei och méi lang wéi geplangt, bis all néideg Arbechten ofgeschloss sinn. Dofir ass Diddelenger Déierenasyl nach zou fir de Public bis den 3. August 2026 De Secondhand-Shop an och Opnam fir nei Muppen a Katzen ass bis den […]
Gläich gëtt geplënnert !
Juhu ! Endlech ass et esou wäit : an deenen nächsten Deeg plënnere mir. Net wäit ewech, just an d'Gebai nieft drun. Mir si scho ganz gespaant op eist neit Doheem.