Äddi Splash

Léiwe Splash,

Lo ass de Moment komm, wou mir dir mussen Äddi soen… Obwuel mer eis opgrond vun denger gesondheetlech leider ganz onstabiler Situatioun bewosst waren, dass dësen Dag fréier oder spéider komme wäert, ass et elo onerwaart a virun allem ganz schnell gaangen. Du hues awer ee richteg schéinen Alter erreecht, virun allem wann ee bedenkt wat s du schonn alles an dengem Liewe mattgemaach hues… Du has keen einfacht Muppeliewen, dat ass sécher. Den Asyl war duerfir däi neit Doheem ginn an och deng lescht Etapp, wat eis mat der Zäit emmer méi kloer ginn ass. Et ass schued, dass du keen eegent Haischen méi fonnt hues wou s du häss kéinten ee schéint lescht annerhalleft Joër verbréngen, mee duerfir ass déi ganz Ekipp aus dem Asyl deng Famill ginn an déi aner véierbeeneg Bewunner deng Kolleegen. Et war schéin ze gesinn, wéi schnell dass du bei eis opgebléit waars an zefridde mat dengem neie Liewen a mat dengem eegene klengen Alldag gi bass. Du hues dech ëmmer op en Neits iwwert d’Präsenz vun de Fleeger a Fleegerinnen an op all gudde Leckerli gefreet; gekuschelt hues du och gär a viru frieme Leit ware mer duerch dech ganz gutt geschützt! Elo ass deng Kusch eidel, mee mat der Gewëssheet, dass du elo erléist bass, wäers du eis all als ee ganz staarkt Déier an Erënnerung bleiwen fir dat Opginn déi lescht Optioun war. Maach et gutt a gréiss eis d‘Kolleegen am Muppenhimmel – ënner anerem eist Skippy, dat och ganz rezent huet misse seng léif nei Famill fir ëmmer verloossen… Run free, Splash, mir vergiessen dech net a sinn dankbar fir déi schéin Zäit zesummen.  

Nos dernières actualités

Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026

Rallye Canine 2026
Le Muppentreff Stengefort vous invite à son Rallye Canine le 25 juillet 2026!

Mupperallye Stengefort den 25. Juli 2026

Muppenrallye 2026 De Muppentreff Stengefort invitéiert Iech häerzlech op säin Muppenrallye den 25. Juli 2026! Kommt mat op eng flott Wanderung vu ronn 6 km, mat Spiller a Schnitzeljuegd fir Mupp a Mënsch. E flotte Nomëtteg fir zesummen Zäit an der Natur ze verbréngen! Depart: 15:00 Auer – Al Schmelz, Steengefort Präis: 10 € pro […]

Mir plënneren – Nous déménageons !

Mir sinn umgang an dat neit Asyl ze plënneren! Mee wi bei allem, dauert et hei och méi lang wéi geplangt, bis all néideg Arbechten ofgeschloss sinn. Dofir ass Diddelenger Déierenasyl nach zou fir de Public bis den 3. August 2026   De Secondhand-Shop an och Opnam fir nei Muppen a Katzen ass bis den […]

Gläich gëtt geplënnert !

Juhu ! Endlech ass et esou wäit : an deenen nächsten Deeg plënnere mir. Net wäit ewech, just an d'Gebai nieft drun. Mir si scho ganz gespaant op eist neit Doheem.